Fotoclub Diddeleng

Founded in 1904

Menü

Zum Inhalt springen
  • Home
  • Expo
  • Concours #ondiraitengpostkaart
  • About
  • Contact

Concours #ondiraitENGPOSTKAART

15. Mäerz – 31. August 2018

OndiraitengPostkaart

Scheck eis deng beschten Foto vun Diddeleng eran |
Send in your photography of Dudelange | (english version)
Envoie nous ta photo de Dudelange | (version française)

Net schonn nees e langweilege Foto-Concours!?

#ondiraitENGPOSTKOART

Du denks sécher elo Hashtag wat?

Ma ganz einfach, #ondiraitENGPOSTKOART ass eng Initiativ vum Fotoclub Diddeleng a Kooperatioun mat der Gemeng Diddeleng, dem Syndicat d’initiatives an dem Centre National de l’Audiovisuel.

Du wolls schonn ëmmer eemol deng Foto op enger Postkaart hunn?

5 verschidde Kategorië bidden där d’Méiglechkeet deng Stad op eng kreativ Manéier duerzestellen.

Et ass bestëmmt eng Kategorie dobäi, wou s du der denks: „Sou wollt ech Diddeleng schonn ëmmer eemol weisen!“.

Ma dann zéck net, a schéck eis deng beschte Fotoen zu de verschiddene Kategorien.

D’Gewënnerfotoe wäerte jeeweils an enger Oplag vun 2000 Exemplairë gedréckt an am Minett verdeelt ginn!

Kategorien:

  1. Wildlife:
    Wëll? Passionéiert? Wëll a sportlech? Ob Wëld am Bësch oder wëll Aktiounen am urbane Raum, an dës Kategorie passt alles, wat einfach total donieft ass, oder awer BBC-Wildlife-Photography/National Geographic am klassesche Sënn representéiert.
  2. Architektur:
    Säit sëlleche Joer ginn d’Gebailechkeeten ëmmer méi monoton. Trotzdem huet Diddeleng Ecker, déi op hir Aart a Weis architektonesch erausstiechen. Deng Foto vun dengem Liiblingsgebai, vun dengem Liiblingseck passt an dës Kategorie!
  3. #ondiraitlesud:
    Wat bei de Leit vu Marseille mat On dirait de sud gemengt ass, heescht fir Dech? Wat bedeit dat fir Dech a wéi verbënns Du et mat Diddeleng?
  4. Kultur:
    Fester, Kultur an och aner Kulturen, Traditiounen etc.
  5. ?:
    Archivverstëbste Fotocollagen/Montagen/Nue’en (den Helmut Newton wier houfreg), d’Haaptsaach Diddeleng.

 

 Reegelen :

  • De Concours leeft vum 15. Mäerz 2018 – 31. August 2018
  • Jiddereen däerf 2 Fotoen zu all Kategorie eraginn.
  • D’Kategorie muss bei all Foto präziséiert ginn.
  • All Foto däerf nëmmen an enger Kategorie eragereecht ginn.
  • De Fotoclub Diddeleng asbl huet d’Recht d’Fotoen fir net kommerziell Zwecker ze diffuséieren. Den Auteur gëtt selbstverständlech ernimmt.

Frais d’inscription : 10 Euro fir Net-Memberen
Wann Dir wëllt Member ginn, iwwerweist einfach 10€ op folgende Konto:

BGLLULL IBAN LU41 0030 0861 8583 0000

FOTOCLUB DIDDELENG ASBL
3, um Kraeizbierg
L-3503 Dudelange

Fir mat ze maachen, schéckt eis är Fotoen am beschten per wetransfer.com op fotoclubdudelange@gmail.com.

D’Fotoen mussen folgendermoossen benannt sinn:
Kategorie_Titel_NUMM
also z.Bsp.:   Wildlife_Tiger_WEBERTOM

Send in your photography of Dudelange | (english version)
Envoie-nous ta photo de Dudelange | (version française)

 

Teilen mit:

  • Twitter
  • Facebook

Gefällt mir:

Gefällt mir Wird geladen...
Widgets

Text-Widget

Dies ist ein Text-Widget. Dies ist ein Text-Widget, mit dem du zu deiner Seitenleiste Text oder HTML-Code hinzufügen kannst. Mit einem Text-Widget kannst du Text, Links, Bilder, HTML-Code oder eine Kombination daraus anzeigen. Bearbeite diese im Bereich „Widget“ des Customizer.

Aktuelle Beiträge

  • NEWS : EXPO 31. Januar 2019
  • Facebook
  • Instagram
Bloggen auf WordPress.com.
Abbrechen
%d Bloggern gefällt das: